Walfer kritt e Lycée
- LSAP Walfer

- Feb 6
- 2 min read
An der Woch vum 27. Januar huet d’École Internationale Gaston Thorn (EIGT) offiziell matgedeelt, datt si hir Offer am Secondairesberäich ab September 2025 ausbaue wäert – mat engem neie Schoulcampus zu Walfer.
Wéinst Nofroen vun interesséierte Bierger hu mir am Gemengerot nogefrot, fir méi genee Detailer zu dësem Projet ze kréien.
Déi follgend Informatiounen goufen eis vum Buergermeeschter matgedeelt:
Startphas (ab September 2025):
D’EIGT wäert am Ufank mat dräi Klassen an ongeféier 100 Schüler zu Walfer starten.
D’Schoul wäert um Campus vum Walfer Schlass ënnerbruecht ginn.
An der éischter Phas ginn d‘Coursen an de Raimlechkeeten vun der aktuell do ugesiedelter École Charlemagne ofgehalen.
Dës Raimlechkeete gi bis September 2025 entspriechend renovéiert.
Aschreiwungen & Entlaaschtung vum Verkéier 📋🚦
D’Bierger vu Walfer kréien Prioritéit bei der Aschreiwung.
Dëst géif dozou bäidroen, d’Verkéiersbelaaschtung an der Gemeng sou niddereg wéi méiglech ze halen.
Sportinfrastruktur🏟️🏃♂️
Den Sportsunterrecht vun der Schoul wäert an der Sportshal vu Walfer stattfannen.
Dem Ministère gehéieren schonn 55 % vun de Notzungsrechter un dëser Hal, sou datt et zu kengen Iwwerschneidunge mat der Primärschoul oder de lokale Sportveräiner komme wäert.
Laangfristeg Pläng bis 2030
D’Bildungsministère plangt, de Schoulcampus vun der EIGT zu Walfer bis 2030 op aacht Klassen mat bis zu 300 Schüler auszebauen.
Auswierkungen op d’Gemeng
Déi geplangten Erweiderung vun der EIGT bréngt souwuel Chancen wéi och Erausfuerderungen mat sech:
✅D’ Prioritéit fir d’Walfer Bierger bei den Aschreiwungen ass eng begréissenswäert Moossnam, déi de Familljen an eiser Gemeng entgéint kënnt.
✅D’Präsenz vu Schüler a Léierpersonal kéint positiv wirtschaftlech Impulser setzen, besonnesch fir lokal Geschäfter a Restauranten, déi vun enger méi héijer Clientèle kéinte profitéieren.
Mir wäerten d’Entwécklung vun der Schoul weider suivéieren, besonnesch wat d’Gréisst an d’Auswierkunge vum Verkéier ugeet an wéi d’Gemeng domat ëmgeet.
📜🏛️ E besonnesch wichtegen Aspekt fir eis ass de Schutz vum historesche Site vum Walfer Schlass a sengem Ëmfeld.
Och wann de Site vum Schlass vollstänneg an de Zoustännegkeetsberäich vum Ministère fält, erwaarde mir, datt eis Gemengeresponsabel sech aktiv dofir asetzen, datt d’Schlass an de Park als kulturellt Ierwe erhale bleiwen.
Mir halen Iech weiderhin iwwer d’Fortschrëtter vun dësem Projet um Lafenden.





Comments