Adaptatiouns- a Preventiounsmoossname géint déi staark Hëtzt
- LSAP Walfer

- Jul 16
- 1 min read
Wéi eng Moossnamen huet de Schäfferot virgesinn, besonnesch wat d'Schoulgebaier, Fräizäitraim souwéi all aner Plazen ugeet, déi strukturell Upassunge verlaangen (Isolatioun, Sonneschutz, méi Begrénung, Belëftung, asw.), a wéi eng Upassunge si fir d’Wunngeplannt, besonnesch am Interessi vun de vulnérabelste Persounen?
De spezielle Bebauungsplang (PAP) gëtt ugepasst, fir d'Hëtztakkumulatioun ze begrenzen. Dozou gehéiert notamment d'Verwende vu méi helle Buedembeläg, zousätzlech Beem mat héijem Stamm a breeder Kroun ze planzen, souwéi eng verstäerkte Begrénung vun ëffentleche Plazen. 🌳🏙️🌞
usserdeem gëtt den Haff vun der Walfer Schoul zu ongeféier 90 % entsigelt. Eng Entsiegelung ass och fir den Haff vun der Helmsanger Schoul virgesinn.🧱➡️🌱👧👦
Dee klenge Parking hannert dem Cactus an der Rue du Dix Octobre gëtt renovéiert an och entsigelt. 🚗🔧🌿
Op méi laang Siicht ginn d'Parkinge vun der Gemeng schrëttweis zu ekologesche Parkingen ëmgewandelt. ♻️🌍🚙
Schliisslech wäert och de Projet vum Ëmbau vun der Gemengeplaz déi ëmmer méi dacks virkommend héich Summertemperaturen berücksichtegen. 🌡️🏛️🌳





Comments