"Null-Offall" Stratégie
- walfer-lsap
- Apr 2
- 1 min read
Updated: Apr 3
Vum September 2022 bis Oktober 2023 goufen all gro Poubellen an der Gemeng mat engem Chip ausgestatt. Dem Schäfferot no sollen d'Daten, déi mat dem Chip iwwer en repräsentativen Zäitraum gesammelt ginn, et erlaben, eng sou genannte „Null-Abfall“ Stratégie z'entwéckelen. ♻️
Fir gewuer ze ginn, wou mir momentan mat dësem Projet dru sinn, huet d’LSAP am Gemengerot vum 31.Mäerz nogefrot.
Déi follgend Informatiounen goufen eis vum Schäfferot matgedeelt:
Wéi wäit sinn mir mam Sammelen vun de Donnéeën? Wéi ginn d'Donnéeën gesammelt?
D’Daten goufe lo iwwert e Joer gesammelt, andeems d’Gewiicht vun de gechipten Poubellen gemooss gouf.
Gouf schonn ugefaangen eng Strategie ze entwéckelen? Wann jo, wéi gesäit déi aus?
Déi gesammelt Informatiounen goufen un eng extern Firma weiderginn, déi e Konzept ausschaffen. Am Mee soll ett dann beim Klimateam presentéiert ginn.
Wuelwëssend, dass déi gro Poubellen kaschten, resultéieren doraus finanziell Virdeeler fir d'Bierger?
Ass nach net gewosst. Soubal mir weider Informatiounen hunn, deele mir Iech se mat.





Comments