top of page
Notizbuch

Budget 2025

  • Writer: LSAP Walfer
    LSAP Walfer
  • Dec 18, 2024
  • 2 min read

Updated: Dec 26, 2024

E Méinden de 16.Dezember, gouf am Walfer Gemengerot de Budget 2025 diskutéiert a gestëmmt.

 

🌿Léisung oder Symbolpolitik?

✅ D’CSV/déi gréng Majoritéit keeft weider fläisseg Terrainen

❌ ganzer 3 Millioune € (vun engem Total vun iwwer 9 Millioune €, de Kaf vun den Terrainen mat aberechent) ginn nächst Joer an d'Tiny-Houses investéiert, an deenen spéider nëmme knapp 0,4% vun eise Bewunner wunne kënnen.

 


🏡📑PAG - Wou ass en?

❌ Den neie Uertsentwécklungsplang (PAG) ass nach ëmmer net fäerdeg, wouduerch eng geséchert Bautenplanung fir d’Bierger nach ëmmer feelt. Dobäi géif en d’Liewen an d’Aarbecht vun der Gemeng vereinfachen an den aktuellen demographeschen a wirtschaftleche Realitéite Rechnung droen.



🎓Schoulbau: 7 Joer an nach ëmmer ouni Resultat🤷🏻‍♂️

❌ Wärend ënnert DP/LSAP tëscht 2005 a 2017 dräi Schoulen a Maison Relaisen ausgebaut goufe, gëtt et no 7 Joer CSV/déi gréng nach ëmmer keng konkret Baupläng.

Den dringenden Ausbau vun der Bereler Schoul léisst nach ëmmer op sech waarden.

 


🛹Eng Chance fir eis Jugend🫶🏻

✅ Schoulhäff a Spillplazen ginn weiderentwéckelt

❌ Fir eis Jugendlecher tëscht 14-18 Joer (1/3 vun eiser Walfer Jugend) déi villäicht net an engem Veräin oder am Jugendhaus ageschriwwe sinn, gëtt nach ëmmer näischt konkretes (wei z.B e Jugendclub oder en Treffpunkt) fir si virgesinn.

 


⛏️Renovatioun, mee keng Innovatioun⛲️

✅Wichteg Renovatiounsaarbechten am Becheler fir d'Bewunner a fir d'Clubhaus.

❌ Nach ëmmer keng zousätzlech Alternativen (wéi z.B en Altersheem oder generatiounsiwwergräifend Wunnméiglechkeete)



🎦Transparenz – Jo, nee, villäicht?🤔

❌ 2018/19 huet eng Biergerbedeelegung zu engem Plang gefouert, fir en Duerfkär mat Projeten op kuerz, mëttel- a laang Siicht ze schafen. Trotzdem ass nach ëmmer kee Budget fir hir Ëmsetzung virgesinn.


❌ Gemengerotssëtzungen an Zukunft audiovisuell ze iwwerdroen oder opzehuelen, wat CSV am Walprogramm hat an am Koalitiounsaccord festgehale gouf, gëtt nach ëmmer net ëmgesat. Begrënnung: d’Ëmsetzung wier net sou einfach.

(Obwuel et an anere klenge Gemengen, wéi z.B Réiser, ganz gutt klappt)

 


🎭Positiv Entwécklungen a Kultur & Sport⚽️🎾

✅Étuden fir d'Moderniséirung vum Centre Prince Henri

✅25% vum Budget fir d'Erneierung vun de Sportinfrastrukturen



Trotz de gudde Virsätz, hu mir no enger grëndlecher Analys an Iwwerpréiwung vum Budget leider misse dogéint stëmmen ❌





 
 
 

Comments


Commenting on this post isn't available anymore. Contact the site owner for more info.
bottom of page