Alles Guddes am neie Joer!
- LSAP Walfer

- Jan 10
- 1 min read
Updated: Feb 6
Léif Walfer Awunner, Léif LSAP Memberen,
An dësem neie Véierelsjoerhonnert wëll ech am Numm vun eiser LSAP Sektioun Iech alles wënschen, wat Dir Iech fir d’Verbesserung vum Wuelbefannen vun den Awunner erhofft.
E puer Projeten si schonn ëmgesat a fäerdeg, anerer si nach amgaang oder nach net realiséiert. Mir sinn eis bewosst, dass net alles direkt ëmgesat ka ginn. Heiansdo musse mir kleng Schrëtt goen, mee et ass wichteg, mat Nosicht a Verstand virzegoen.
Eis Ekipp wäert weider seng Engagementer erfëllen, andeems mir Iech sou vill wéi méiglech nolauschteren, an de verschiddene Gemengenkommissioune matwierken, an, virun allem, duerch den Asaz vun eisen zwee Gemengeconséillèren.
Eis Arbecht geet weider, dank ärer Ënnerstëtzung, äre Bemierkungen an äre Froen. Äre Feedback kann eis nëmmen hëllefen, besser am Sënn vun der Communitéit ze handelen.

E gudde Rutsch an dat neit Joer an eng gutt Gesondheet fir jiddereen.
Frédérique Feidt
Presidentin


Comments