Deng Ënnerstëtzung
mécht den Ënnerscheed!


Deng Iddien, däin Engagement an deng Stëmm zielen! Egal ob duerch aktiv Matwierkung, kreativ Virschléi oder einfach duerch däi Interesse un eisen Ziler – all Hëllef bréngt eis, a soumat och dech, e Schratt weider.
Zesumme kënne mir eis fir méi Gerechtegkeet, Nohaltegkeet a Solidaritéit asetzen. Maach mat a gëff Member vun enger starker Gemeinschaft!
Klengen Don
Grouss Wierkung
Mat engem Don hues Du d’Flexibilitéit, selwer ze entscheeden, wéi vill a wéi oft Du eis ënnerstëtze wëlls. Deng finanziell Hëllef gëtt gezielt agesat fir:
-
D’Organisatioun vun Evenementer
-
Zukünfteg Walkampagnen



En Don vun dir dréit dozou bäi, eis Ziler z’erreechen.
All Don zielt!
Konto:
LSAP WALFER
LU40 1111 0536 5817 0000
Mëmber ginn
Zesummen si mir méi staark






Du kanns un offiziellen Evenementer vun der Partei deelhuelen
(Kongresser, Aarbechtsgruppen, ...)
Du hues e Stëmmrecht an der Generalversammlung
vun denger Sektioun
Du kriss all Mount den digitalen Newsletter zougeschéckt
Du léiers nei Leit kennen a kriss direkte Kontakt zu den lokalen, nationalen an internationale Vertrieder vun der LSAP
Du kanns dech a verschiddenen Ënnerorganisatiounen engagéieren
(z.B Jonk Sozialisten oder Femmes Socialistes)
D’LSAP ass DÉI Memberpartei
Bei eis gëtt Matbestëmmung net just ugebueden, mee aktiv gefërdert.
Mir gleewen un eng gerecht Gesellschaft, wou jidderee seng Stëmm abréngen an Decisioune mat beaflosse kann. Ob lokal an eise Sektiounen, a Bezierker oder an eisen engagéierten Ënnerorganisatiounen wéi de Jonksozialisten a de Femmes socialistes – bei eis gëtt d’Participatioun geleet vu Wäerter wéi Solidaritéit a Gerechtegkeet.
Duerch d’Mataarbecht an themateschen Aarbechtsgruppen a via den direkten Austausch mat eise Mandatairen gestalten mir eng sozial Demokratie, déi op d’Bedierfnesser vun all de Bierger ageet.
Komm elo dobäi a ginn Deel vun enger Partei, déi wierklech eppes bewierke wëll!











